Billetterie
Descriptif
D’Prinzessin Bigudi vum Schlass Lënster huet de Wand verwënscht, well hien hir wonnerschéi Paréck vun hirem Kapp gerappt huet. De Wand huet dunn op der ganzer Äerd opgehale mat Blosen.
Katastrof!! D’Wandmillen dréie net méi, d’Kleeder vun der Vulleschäich wibbelen net méi fir d’Spatzen ze verdreiwen, d’Seegelschëffer kommen net méi vun der Plaz.
Mee et gëtt eng Léisung. D’Prinzessin Bigudi huet nämlech heemlech op en Ziedel geschriwwen, wat muss an Erfëllung goen, fir de Wand vu sengem Fluch ze erléisen. Awer, wou ass deen Ziedel?
Natierlech mussen do déi 2 Kommissäre vun der Police vu Gonnereng, de Jimmy Schnoffler an de Camille Driipsert, erbäi, fir sech op d’Sich vun deem Ziedel ze maachen.
Eng net ongeféierlech Rees féiert si bis op d’Tënteninsel. Wat si do alles erliewen, an op de Wand erëm ufänkt mat blosen, dat wëlle mer elo nach net verroden…
Laisser un commentaire
Événement
Tënteninsel
Contact organisateur
Bartrenger Kameidi
Josiane Rauchs - Président
Adresse : 11 Cité Alexandre de Colnet
8061 Bertrange
LUXEMBOURG
Visuel
